ENTDECKT LËTZEBUERG ANESCHT

MAT ENGER SCHATZJUEGD OP ÄREM HANDY

Daucht an d’Häerz vun enger eenzegaarteger Stadrallye, déi d’Entdeckung vun der Stad mat spannende Challenge verbënnt. Mat der Famill, Frënn oder Aarbechtskollegen, léist d’Rätsel a sammelt Punkte fir Voucheren ze gewanne vun eise Partner.

Sidd Dir prett dës Missioun unzehuelen?

Genial Schatzjuegte mam Smartphonefir déi ganz Famill

Dauer: 2 Stonnen oder an Ärem eegenen Tempo

Wéi? Bewaffnet mat Ärem Smartphone, setzt Iech op fir déi verstoppte Schätz vun der Stad Lëtzebuerg ze eroberen.

Wat Iech erwaart:

  • En autoguidéierte Tour an Ärem eegenen Tempo.
  • Spannend Rätselen déi et ze léise gëtt.
  • Haaptattraktioune fir z‘interagéieren.
  • Fotoen fir festzehalen.
  • Faszinéierend Anekdoten an lokal Legenden ze entdecken.
  • Flott Bongen ze gewannen.

Wat matzebréngen ass:

  • Bequeem Schong
  • Kleedung entspriechend der Meteo
  • Opgeluedene Smartphone

Gutt ze wëssen:

Iwwert Schatzjuegten

Hannert Luxilux stécht d’Kommunikatiounsagence Mediation SA. Dës ass säit iwwer 30 Joer zu Lëtzebuerg an der Promotioun fir de B2B Secteur täteg. D’Agence huet et sech zur Aufgab gemaach d’Land op spilleresch a spannend Aart a Weis méi no ze bréngen.

Luxilux bitt Iech Schnitzeljuegten duerch verschidde Stied un fir Lëtzebuerg mam Handy anescht ze entdecken. Dank dem Handy, sidd dir flexibel wat den Zäitpunkt vum Spillen ugeet an ob eleng oder am Team.

Op engem geolokaliséierte Parcours, äntwert Dir op Froen an huelt Erausfuerderungen un déi Iech Punkten an Accès zu Reduktiounen a Kaddoen an de Partnerbetriber bréngen. Duerch d’Applikatioun, sidd Dir fräi de passende Moment fir ze spillen ze wielen, eleng oder am Team.

No Ärem Payement, kritt Dir e Link zum Download vun der MooveGo-App per SMS a Mail, sou kënnt Dir dann op Är Schatzjuegd zougräifen. De Code ass nëmmen eng Kéier, den Dag vun Ärem Choix gülteg.

E Spill dauert tëschent 2 an 3 Stonnen. Allerdéngs hänkt dat dovun of wéi schnell Dir sidd.

Fir un eise Schatzjuegten deel ze huele braucht Dir:

En chargéierte Smartphone
• 4G / 5G
• Eng aktivéiert Geolokalisatioun / GPS
• Téléchargéiert MooveGo-App

Accessibilitéit

An der Theorie, jiddwereen! Och wann eis Defien a Rätselen ufanks fir Erwuessener bestëmmt waren (jonk oder manner jonk), kënnt dir op jiddwer Fall och mat Äre Kanner deel huelen.

Eis Schatzjuegte setzen net viraus Profisportler ze sinn, trotzdeem muss Dir puer Kilometer trëppelen. Ofhängeg vun der Stad, ass de Parcours mol méi mol manner laang.

Si goufen u Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, wéi och un Poussetten adaptéiert. Allerdéngs gëtt et keng Garantie iwwer de Zoustand vu de Stroossen dee Moment wou Dir spillt.

Verbueden ass et net, mee am Team ass et einfach méi flott. Seet een net „Zesummen si mir staark“?

Bezuelung

Mir rembourséieren net, kënnen de Ticket awer bei Bedarf ëmtauschen. Schéckt eis einfach ee Mail un eist Team ënnert contact@luxilux.lu

Technesch Ënnerstëtzung

Bei eise Schnitzeljuegten ass kee Mataarbechter present. Bei technesche Probleemer kënnt Dir eis ee Mail un contact@luxilux.lu schécken. Bei eise Schnitzeljuegten ass kee Mataarbechter present. Bei technesche Probleemer kënnt Dir eis ee Mail un contact@luxilux.lu schécken.

Wann dëst geschitt, maacht d’MooveGo Applikatioun aus a relancéiert se.

Wann dëst geschitt, maacht d’MooveGo Applikatioun aus a relancéiert se.

Jo, Dir kënnt se ouni Probleem iwwersprangen. Dir wäert just keng Punkte verdéngen.